• sur le site web des Olympiades luxembourgeoises

Et ginn fir de Moment dräi Olympiaden am Bereich vun den Naturwëssenschaften. Op dëser Säit fannt dir all d’Informatiounen zu dëse wëssenschaftleche Concoursen. Klickt einfach op de respektive Logo fir méi Detailer

D’Olympiaden an den Naturwëssenschaften ginn zu Lëtzebuerg vun der a.s.b.l. Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles organiséiert, dëst mat der Ennerstëtzung vun dem Edukatiounsministère an eise Sponsoren. Ziel vun dësen Olympiaden ass et den Intrësse vun de Schüler a Schülerinnen un den Naturwëssenschaften ze stärken an eng Selektioun fir déi internation Concoursen durchzeféieren.

DERNIÈRES NOUVELLES

14 octobre 2016

Finalisten der 11. Luxemburger Naturwissenschaftsolympiade stehen fest

Nachdem die Jury die Ergebnisse der 68 Teilnehmer am Halbfinale der NWO ausgewertet hatte standen die 24 Finalisten für die Finalrunde am 22.02.2018 im LMRL fest. Das Endergebniss des Halbfinales ist hier zu finden: http://www.nwo.lu/olympiad-2018/halleffinale-resultater.aspx
     
14 octobre 2016

Inscriptions pour les olympiades de biologie et de physique 2018

Les inscriptions sont ouvertes jusqu'au 8 décembre (pour la biologie) respectivement le 12 décembre (pour la physique). N'hésitez pas à vous inscrire de suite. Voici le lien direct pour l'olympiade luxembourgeoise de biologie: http://www.ibolux.lu/aschreiwung.aspx
Et le lien pour l'olympiade luxembourgeoise de physique: http://ipholux.olympiades.lu/inscriptions.aspx
14 octobre 2016

Qualifikatiounsronn vun der 11. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad

De 16.11 ass d'Qualifikatiounsronn vun der 11. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad. Mat dësem Link kënnt dir iech d'Froen vum läschte Joer als Preparatioun ukucken: http://www.nwo.lu/olympiad-2017/Qualifikatioun-Froen-2017.aspx
14 octobre 2016

D'Resultater vun der Biologies- an der Physiksolympiad sinn do

Op der Präisiwerrechung vun der 1. Lëtzebuerger Physiksolympiad an der 3. Lëtzebuerger Biologiesolympiad sinn d'Resultater annoncéiert ginn. D'Resultater fir d'Biologiesolympiad fannt dir hei. Bei der Lëtzebuerger Physiksolympiad goufen et direkt zwee Gewënner de Yann Bernard an de  Pit Bermes. Mir wënschen de Lëtzeburger Vertrieder bei den internationale Concoursen IPhO an IBO alles Guddes !!

 
14 octobre 2016

D'Finalisten vun der Biologies- an der Physiksolympiad sti fest

Fir d'Finale vun der 1. Lëtzbuerger Physiksolympiad hunn sech 10 Schüler qualifizéiert, d'Nimm fannt dir héi: http://ipholux.olympiades.lu/ed1617/demifinale/resultats-demifinale.aspx
No der Halleffinale vun der 3. Lëtzbuerger Biologiesolympiad hunn sech 13 Schüler fir d'Finale qualifizéiert, d'Resultater vun der Halleffinale stinn hei: http://www.ibolux.lu/ed1617/resultats.aspx
Beid Finalen sinn Samschdes den 29.04 um Campus Lampertsbierg (Bâtiment des sciences) vun der Uni Lëtzebuerg.
 
14 octobre 2016

D'Gewënner vun der 10. Naturwëssenschaftsolympiad si bekannt

Op der Remise des prix vun der 10. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad sinn de Jean-Marc Furlano (ALR), d'Helena Westermann (EE I) an de Raffaël Marth (LEM) als Gewënner ausgezeechend ginn. Zesummen mat der Equipe op Platz 2, dem Michael Mertens (AL), dem Daniel Stors (LCE) an dem Chris Petit (ALR) wärten si Lëtzebuerg bei der EUSO 2017 an Dänemark vertrieden.
 
14 octobre 2016

Halleffinalisten fir d'Biologiesolympiad si bekannt

267 Schülerinnen a Schüler aus 19 Schoulen hunn un der Qualifikatiounsronn vun der 3. Lëtzebuerger Biologiesolympiad deel geholl. Lo sinn d'Resultater do: http://www.ibolux.lu/ed1617/resultats.aspx
Déi 66 Schüler déi 100 oder méi Punkten errecht hunn, sinn fir d'Halleffinale de 15.03 am AL qualifizéiert.
14 octobre 2016

Aufgaben an Opléisungen vun der éischter Lëtzebuerger Physiksolympiad sinn do.

Iwwert 180 Schülerinnen a Schüler hunn un der Qualifikatiounsronn vun der éischter Lëtzebuerger Physiksolympiad deel geholl. Op dësem Link sinn d'Aufgaben an d'Opléisungen zu de Froen ze fannen: http://ipholux.olympiades.lu/ed1617/qualification.aspx.
Mat Resultater ass an den nächsten zwou Wochen ze rechnen.
14 octobre 2016

10. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad: Aufgaben vun der Halleffinale

80 Schülerinnen a Schüler hunn den 19.12.2016 d'Halleffinale vun der Naturwëssenschaftsolympiad bestrieden. Sie hatten 180 Minutten fir Aufgaben an der Chemie, Physik a Biologie. Op dësem Link kënnt dir iech d'Aufgaben erof lueden: http://www.nwo.lu/olympiad-2017/halleffinale-aufgaben.aspx

 
14 octobre 2016

Qualifikatiounsronn NWO: D'Opléisungen sinn disponibel

Iwwert 2200 Schülerinnen a Schüler hunn un der Qualifikatiounsronn vun der 10. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad deel geholl. E grousse Merci un all d'Schüler déi matgemaach hunn an un d'Enseignanten déi se dozou motivéiert hunn.

Héi kënnt dir iech d'Froen an och d'Opléisungen (mat Erklärungen) ukucken: http://www.nwo.lu/olympiad-2017/Qualifikatioun-Froen-2017.aspx.

Mat de Resultater ass fir Ufank Dezember ze rechnen.

ALR
14 octobre 2016

Eischt Editioun vun der Lëtzebuerger Physiksolympiad

Et ass eis eng grouss Freed déi éischt Editioun vun der Lëtzebuerger Physiksolympiad ze annoncéieren. Ab elo kënnt dir iech op dem Site vun der Physiksolympiad http://ipholux.olympiades.lu umellen, dëst bis de 15te Januar 2017. Déi fënnef Gewënner däerfen Lëtzebuerg bei der internationaler Physiksolympiad op Bali (Indonesien) vertrieden.