Präisiwwerreechung vun den Olympiaden 25/26 : Biologie, Chimie & Physik

D’Präisiwwerreechung vun den Olympiaden an der Biologie, Chimie a Physik huet dëst Joer erëm vill jonk Talenter zesummebruecht. Schülerinnen a Schüler aus dem ganze Land goufen ausgezeechent fir hir aussergewéinlech Leeschtungen an de Naturwëssenschaften. An enger feierlecher Atmosphär kruten d’Gewënner hir Diplomer a Präisser iwwerreecht. D’Organisateuren hunn dobäi den Engagement, d’Motivatioun an d’wëssenschaftlech Virwëtz vun de Participanten ervirgehuewen. D’Olympiade bidden de Jonken d’Méiglechkeet, hir Kompetenzen ze verdéiwen an sech mat anere passionéierte Schüler ze moossen. Besonnesch ervirgehuewe gouf d’Wichtegkeet vun de Naturwëssenschafte fir d’Zukunft. D’Responsabel hunn d’Participanten encouragéiert, hire Wee an de wëssenschaftleche Beräicher weiderzegoen an hir Talenter auszebauen. D’Präisiwwerreechung war domat net nëmmen eng Belounung fir déi bescht Resultater, mee och eng Inspiratioun fir déi nächst Generatioun vu Fuerscherinnen a Fuerscher zu Lëtzebuerg! Organiséiert ginn d’Olympiaden an de Naturwëssenschaften zu Lëtzebuerg vun der OLSN E grousse Merci un eis Partner, déi déi national Olympiade finanziell ënnerstëtzen sou wéi och d’Participatioun op den internationale Concoursen: Dëst Joer ginn eis bescht Schüler an de jeeweilege Fächer fir  d’IBO2026 op Vilnius a Litauen, fir d’EuPhO op Göteborg a Schweden, fir d’IPhO op Bucaramanga a Kolumbien an op d’IChO op Taschkent am Usbekistan. Mir hoffen op gutt Resultater!