Mir sinn houfereg fir iech déi néi Editioun vun eisem Concours, mëttlerweil déi 16. Naturwëssenschaftsolympiad zu Lëtzebuerg ukënnegen ze kennen. 

Notéiert iech alt d’Datumer: Qualifikatioun de 17. November an all Lycée dee matmécht, Halleffinall de 19. Dezember am Lycée des Garçons Luxembourg an dann déi flott Finall den 2. Mäerz am renovéierte Gebai vum Lycée Michel Rodange Luxembourg.

Am Viraus villmools Merci fir den Engagement vu jidderengem deen dobäi ass an hëlleft, d’Naturwëssenschafte weider ze promouvéieren.