Haut de Mëtten (03/03/22) wor d’Finall vun der 15. Editioun vun der Naturwëssenschaftsolympiad am LMRL – Lycée Michel Rodange Luxembourg. 

24 Schülerinnen a Schüler hunn an Equippen zu 3 wärend 3 Stonnen praktesch Versich an der Biologie, Chimie a Physik zum Thema « Von der Traube zum Wein » duerchgefouert.

Et waren intensiv 3 Sonnen fir d’Finalisten a lo waarden si gespaant op d’Auswäertung vum Jury fir gewuer ze ginn, wei eng 2 Equippen Lëtzebuerg bei der European Olympiad of Experimental Science (EOES) am Mee an der Tschechescher Republik däerfe vertrieden.