Präisiwwerreechung vun der Biologie-, Chimie- a Physiksolympiad 2024

E Mëttwoch wor et esou wäit an d’Finaliste vun den Olympiaden an der Biologie, Chimie a  kruten hir Placéierung gesot an hir Präisser iwwerreecht. Donieft gouf natierlech bekannt ginn, wie Lëtzebuerg op den internationalen Olympiaden, der IBO, der IChO an der EuPhO representéieren dierf. De Sall « A Schommesch » an der Gemeng Nidderaanwen wor bis op di lescht Plaz gefëllt an de Suspens wor bis zum Schluss ganz grouss.

E ganz grousse Merci gëllt och eise Partner a Sponsoren, ouni déi des Organisatioun net méiglech wier. Mir ziele säit Joren op d’Ënnerstëtzung vum MENJE, dem SCRIPT, dem FNR, der André Losch Fondatioun, der Chambre de Commerce, der Uni.lu, der ABIOL, der ACHYL, der APHYL a Greiner Bio-One.

Hei déi bescht placéiert Laureatinnen a Laureate vun all Olympiad:

Biologiesolympiad:

  1. Nina Bernier (LGL)
  2. Massimo Comparetto (LGL)
  3. Joé Werdel (LCD)
  4. Jasmine Winandy (AL)
  5. Youn Hoffmann (AL)

 

Chimiesolympiad:

  1. Nina Bernier (LGL)
  2. Qisu Bai (LML)
  3. Moritz Rohner (LGE)
  4. Massimo Comparetto (LGL)

 

Physiksolympiad:

  1. Moritz Rohner (LGE)
  2. Teyssier Noé (StGISL)
  3. Nina Bernier (LGL)
  4. Foyster Barnaby Sharp (ISL)
  5. Ben Lies (ALR)

 

Bonne Chance fir är Zukunft

a vläicht gesi mir deen een oder anere

jo nach bei der Editioun 24/25.